Science Challenge Show zu Lëtzebuerg

Déi nei Staffel
ass do!

Mat neie Kandidaten a neien Challengen!

KUCK D'SAISON 3 HEI

Wat ass d'Take Off Show?

 

Take Off ass eng Science Game Show mat 13 Episoden, an deenen 12 Jonker kniwweleg Challenge léise mussen. No all Episod muss ee Kandidat d'Show verloossen.

 

Déi top 2 Gewënner huelen ee Präisgeld vu bis zu 10.000€ mat Heem. D'Show gëtt och iwwert Instagram an TikTok begleet. 
 

Wéi leeft dat Ganzt of?

1

Aschreiwung

    D'Aschreiwunge fir déi véiert Staffel sinn nach net op. Wann se opginn, da fënns du de Formulaire hei op der Websäit.

    2

    Casting

      Jiddereen, dee sech ageschriwwen huet an eng Invitatiouns-E-Mail vun eis krut, kann op den éischten Dag vum Casting kommen. Do erwaarden dech da puer kuerz Challengen, déits du eleng an an enger Grupp muss léisen. 

      3

      Eischt Episod

        An der éischter Episod ginn déi 12 bescht Kandidaten ausgewielt déi an d’Studio-Episode kommen. 

        4

        Studio-Episoden

          Nom Casting geet et fir déi 12 ausgewielte Kandidaten an de Studio. Hei ginn 11 vun den insgesamt 13 Episode gedréint. Déi éischt Episod an d'Finall ginn ausserhalb vum Studio gedréint. 

          5

          Finall

            An der leschter Episod kämpfen déi zwee verbliwwe Kandidaten ëm den éischte Präis vun 10.000€. 

            Bereet fir Take Off, mee nach Froen?

            Wann s  du nach Froen zur Take Off Show hues oder dozou, wéi et ass matzemaachen, da mell dech gäre bei engem vun dëse Kandidaten. Si hëllefen dir gäre weider, erzielen dir vun hiren Erfarungen a begleeden dech wärend denger ganzer Take Off-Zäit.

            Müller Jeff@jeffjeff2519
            Alonso Victoria@victorialonso22
            Osso Roya@roya__gg

            Take Off gewënnt de Young Audience Award um Silbersalz Festival! 

             

            Et ass offiziell – Take Off - d'Science Challenge Show huet de Young Audience Award bei den internationalen Silbersalz Science Media Awards 2024 gewonnen! Dëse Präis ënnerstëtzt wëssenschaftlech Sendungen a Medieninhalter, déi déi nächst Generatioun vu jonke Wëssenschaftler faszinéieren an inspiréieren, a mir sinn iwwerglécklech, dës Éier kritt ze hunn. Merci un eis Kandidaten, eis fantastesch Equipe, eis Partner, eis wonnerbar Zuschauer, an un all déi, déi eis ënnerstëtzen, d’Wëssenschaft lëschteg, zougänglech a faszinéierend ze maachen. Kuckt d'Saison 2 ab elo!

             

            Eis Kandidaten

            Méi wéi 150 Kandidaten hate sech fir de Casting vun der zweeter Staffel ageschriwwen, an dovun hu sech der 25 fir déi éischt Episod qualifizéiert! 

             

            Un all eis jonk “Street Scientists” déi matgemaach hunn: Är Begeeschterung an är Leeschtunge waren aussergewéinlech.

            Mir freeën eis drop, weider Talenter fir déi drëtt Staffel kennenzeléieren! Mell dech un! 

            Suivéiert Take Off och op Instagram an TikTok.

             


            Take Off ass eng gemeinsam Initiativ vun der André Losch Fondation an dem Fonds National de la Recherche.


            D'Moderatore vun der Show

            Joseph Rodesch
            alias Mr Science
            «Gëtt et dobaussen iergendwou eng Miss oder Mister Science Junior?»
            Lucie Zeches
            Science Communicator
            «Mäin gréissten Challenge ass et "Science Challenge Show" ganz schnell hannerteneen ze soen»
            Olivier Catani
            Journaliste-Présentateur
            «Ech well vun deene Jonken beandrockt ginn»

            Kontakt

            All Informatioun, déi mat engem Asterisk (*) spezifizéiert ass, ass obligatoresch.